Universe - Shopping - World

Thursday, October 7, 2010

Un nouveau monde pour la gastronomie - a new gastronomy world - die neue Welt der Gastromie - eng nei Welt vun der Gastronomie

http://www.restaurants-guide4u.com
Guide europeen de la gastronomie
Le meilleur, le plus complexe, le plus complet des guides gastronomiques est en train de se faire.
Nous vous invitons d'en faire part

European guide of gastronomy
The best, the most complex, the most complete gastronomy guide is going to be done.
We invite you  to get part of this superb site

Europaischer Gastronomiefuhrer
Der Beste, der grosste, der vollstandigste Gastronomiefuhrer steht kurz vor seiner Fertigstellung.
Wir laden Sie herzlichst ein, Teil dieses grossartigen Webs zu werden


Deen neien europaeschen Gastronomie Guide
Den Beschten, deen greissten, deen komplettesten Gastronomie Guide um Maart.
Mir invite'eren Iech, hei matt ze maachen

Wednesday, May 5, 2010

Mam Boot op Skellig Rocks (Patrimoine Mondial Unesco) - Bed & Breakfast Skellig Side





Ken Roddy



2009 huet den Ken den Familienbetrieb vun sengem Papp iwerholl. 

Zenter mei wei 40 Jo'er maachen si d'Navette op Skelligs Rocks. Gudd 12 Kilometer vun Portmagee matzen am Atlanteschen Ozean. Matt hieren 2 schnellen Booter brengen si Iech op des Fielsen an ongefe'er 45 Minuten. Do gidd der un Land um Skellig Michael, an dir besicht desen viir-chreschtlechen Site aus dem 6ten Jorhonnert. Desen Site steet un der Basis vun der Christianisatioun an ganz Europa. Ass unerkannt als "Patrimoine Mondial Unesco".
Duerno, geet et mam Boot Richtung "Small Michael", desen 2ten Fiels vun den Skellig Rocks.
Dir fuert ronderem desen Fiels, waat eng rieseg Brutkolonie vum "Basstolpel" ass. Et ass dei greissten an der noerdlecher Hemisphere.
Et muss een och so'en, datt desen Familienbetrieb, deen d'Navette op des Fielsen mecht, och am Programm vun ActiveHolidaysKerry matt mecht.
Enn 2009 huet den ken och ee klengen BB opgemaach, deen och Deel vun mengem Program fir 2010 ass.
Hei een direkten link zu hierem Site, deen Iech och eng fantastesch Geschicht iwert des Famill erzielt:

Monday, March 8, 2010

On-line ankaafen um Universe-Shopping-World

 
Leif Frenn;
Wei der zenter e puer Deeg feststellen kennt, as Amazon elo een Deel vun onserem Programm.
Mir hun duerfir ee speziellen on-line Akaafszenter opgebaut.
Matt deem schwaachen Us/Dollar zum Euro get et elo richteg interessant an Us/Dollar an ze kaafen.
Ech invite'eren Iech, emol eis Preisser ze vergleichen. Dir sidd bestemmt iwerrascht.
Hei een link zu desem Site: http://universe-shopping.base.blogspot.com

- Vente en ligne tailleurs, robes, jupes et lingerie:
- Vente en ligne diamants, bijoux precieux, perles et pierres rares
- Rolex, Ulysse Nardin, Zenith,... montres rares de collection
- Vente en ligne tentes, sacs a dos, sacs de couchage, bateaux pneumatiques et accessoires
- Vente en ligne chaussures de montagne, de trekking et d'exterieur
- Vente en ligne materiel et accessoires peu communs pour la peche
- Vente en ligne fishfinders, detecteurs divers,  materiel de navigation pour bateaux
- Vente en ligne materiel electronique et de navigation pour voitures
- Vente en ligne materiel ordinateur et accessoires
- Vente en ligne camcorders et cameras aux meilleurs prix
- Vente en ligne: Les legendes du film francais
- Vente en ligne d'escarpins a aiguille, chaussures modernes pour femmes

Wednesday, February 24, 2010

The Fertha (vis-a-vis vun der Bank "Credit Union" zu Cahersiveen



Zenter 22 Jo'er ass den Noel Kelliher de Besetzer vun desem scheinen Pub.





1996 Acard Civic Awards / Best Commercial Premises

1997 Irish Music Pub Competition


Desen Pub ass eng Referenz fir seng Musik's Owenter. An der Haaptsaison, kann dest alt emol e puer Mol pro Woch geschei'en. Als een groussen Amateur vun der traditionneller Musik, mecht sech den Noel eng besonneg Freed doraus, dess Owenter ze organise'eren. Ganz oft sinn et Studenten vun der Musiks Sektioun vum Lycee vun Cahersiveen, dei hei optrieden. Ganz vill jong Talenter sinn hei entdeckt gin. Eng Traditioun, vir dei ganz Welt Irland beneid.
Desen Pub, villeicht deen eenzechen an Irland, deen eng Quell am Pub selver huet ass eng wonnerschein Plaatz, fir Owenter ze verbrengen. (Dir d'Amateuren vun guddem Whiskey, ass daat hei d'Adress).
Daagesmenu'en ginn hei vun Meindes bis Samsdeg zerve'ert. Et ass eng vun deenen Plaatzen, wou een wiirklech emol dei typisch Iresch Menu'en probei'eren kann. Een gudden Kach hannert dem Deppen zerve'ert Iech hei eng Rei vun Menu'en, dei dem normalen ireschen Liewen entspriechen. (Hei get nach richteg gekacht).
Wann een daat gudd Iessen gaer huet, dann ass daat hei d'Geheimplaatz.
Schwetzt einfach mam Noel, datt hien Iech een gudden Owend organise'ert. (Gidd him 1 oder 2 Deeg fir dest ze organise'eren). Een gudden Homard, oder fantasteschen Fesch, Hemmelfleesch oder den fantasteschen Angus Beef. Loost Iech vun him verfe'eren. Wei gesoot, et ass net den groussen Restaurant, mat vill Chi-Chi oder Iwerflessegem, et ass einfach d'Plaatz fir een scheinen Owend ze verbrengen verbonnen mat lokalen Spezialite'ten zu engem anstendegen Prais.
Daat hei huet emol mussen gesoot gin.

Hei den Telefon vum Fertha: 00353 (0) 66 9472023

Thursday, December 31, 2009

Mannix Point Camping & Caravan Park



De Mortimer an sein Camping zu Cahersiveen.



Et ass mat grousser Freed, datt ech Iech des Campingplaatz rooden kann. Eng ganz aussergeweinlech Plaatz an der moderner Welt.

De Mortimer, de Besetzer vun desem Camping, versprecht Iech hei unvergiesslech Momenter an deser fantastescher Gegend vum Sud-West Kerry.
De Mannix Point ass ee Camping, deen Jo'er fir Jo'er eischt Preiser national sou gudd wi international kritt. Mat senger eenzegaarteger Plaatz, gehe'ert hien secherlech zu den scheinsten Campingplaatzen aus Europa.
Fir Amateuren vum Camping, secherlech een eenzegaartegt Erliewnes.
Ech fre'en mech ganz besonneg, datt de Mortimer fir 2010 en Deel vum Programm vun ActiveHolidaysKerry get.
Wann Musikanten ennert Iech sin, dann brengt dach einfach d'Instrumenter emol matt. Mei so'en ech net iwert desen Sujet.
Hei een klengen link zu deser Draamplaatz:
http://www.campinginkerry.com
oder um Site:
http://www.kerry-outdoor-centers.blogspot.com

Thursday, April 23, 2009

Iwert desen Site

Desen Site ass geduecht, vir Iech den Kerry mei genau virzestellen.

Den Kerry ass eng Region am sud-westen vun Irland. Eng ganz well Gegend, wou d'Natur nach d'So'en huet. Wann een vun Vakanz an Irland schwetzt, dann muss een vum Kerry schwetzen. Aktivite'ten an fraier Natur, wei een se kaum nach an Europa fend. Ech hun mech entscheed, mech hei nidderzeloossen mat menger Famill, fir Iech dess Vakanzdestinatioun mei einfach ze maachen. Net vill Luxus, Natur pur, fantastesch Landschaften matt vill Mier, Bierger, well Baachen mat Saumon'en asw. End Wanderlandschaft vun der Superklass. Bescht Guiden sin am Asaatz an allen Bereicher. Op daat feschen ass, Perdreiden, Wanderen, mam Velo fueren, Waassersport, vill interessantes fir Geschichtsfrenn, fir Naturfrenn an Botanik oder Ornithologie, gudd Ambiance an den Pub'en, gemittlech Familienpensiounen oder Cottage'en, verschidden gudd kleng Restaurant'en, et ass alles hei, vir eng onvergiess'lech Vakanz ze verbrengen. D'Reenjacket mattbrengen an deck Schung, daat ass wichteg, den Kostum an Cravatte kann doheem bleiwen.
Vill Leit kennen dess Region nemmen ennert engem Numm. Den "Ring of Kerry". Daat ass jo alles schein an gudd, daat as wei wann een mam Bus an engem Daag vun Clierf iwert Woltz, Vianden, Echternach, Wasserbelleg, Remich, Letzebuerg, Esch an zereck an d'Belsch fueren geif, ouni eemol stoen ze bleiwen. Daat geet just duer, fir ze so'en, ech war do. Awer mei och net.
Den Kerry as eng fantastesch Destination fir Naturfrenn, wei Dir kaum eng an Europa fannen kennt. Ech hoffen, deen Site gefellt Iech. No 5 Jo'er englesch schwetzen, verle'ert een e weneg d'letzebuerger Sprooch, och werten esou munch Schreiffehler do sin.
Daat hei ass ee Blog-Site, daat heescht, liesst en vun ennen no uewen.

Wann interesse'ert sidd, aer Vakanz an eiser Regioun ze verbrengen, dann bucht hei: http://www.activeholidayskerry.com/_mailer.php